Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Op d’allermannst 750.000 Dokumenter am fichier central? 

Op d’allermannst 750.000 Dokumenter am fichier central?

de Robert E. Steinmetz ass e fréihere Polizist, deen a senger Pensioun e Buch schreiwt, mam Titel:“…und doch lebe ich”. De Mann hat eng schwéier Kandheet, ënner anerem am Lamperbiérger Kannerland an esou erzielt hien virun allem iwwer déi fréi Joer vu sengem Liewen an nëmme wéineg iwwer säi Beruf als Polizist. An awer geet et op enger Säit ëm de fichier central (STTI), wou den Här Steinmetz commissaire en chef gi war. Hie weess also, vu wat datt hie schwätzt! An hie weist drop hinn, datt den Term vu “geheime casier” zu Onrecht benotzt gëtt, well dat Regëster wir alles aneschters wéi geheim gewierscht. Jidfer Polizist hätt fréier just brauchen den Telefon an de Grapp ze huelen a schonn hätt hien Abléck an d’Dokumenter krut:

gk online

De Mann schreiwt weider op der Säit 177 vu sengem Buch, datt et sech ëm ronn 750.000 Dokumenter misst handelen – bis wat fir e Joer gëtt hien net un-, ugefaange vun de Giélemännercher iwwer e banale Verkéiersprotokoll bis bei de sougenannte “Pissprotokoll” (urinéieren an der Ëffentlechkeet, wat fréier bei de Männer ganz en vogue war). A verschafft goufen déi Akten nach laang net vu Polizisten….

gk online

de Mann ass also formell: et missten – wann alles riicht gelaf wor- bis 1,5 Milliounen Dokumenter erëm ze fanne sinn, déi eng Halschecht an engem elektronesche Systeem, déi aner, d’Originaler, an de Staatsarchiven! Den Här Steinmetz schreiwt weider op der Säit 178 vun engem ultra geheime Schaf, deen allerdéngs just aus Blech war. Hien, an nëmmen hien, hat deemools als Déngschtchef de Schlëssel dofunner…

gk online

Et hält ee vun dëse “Memoiren” wat ee wëll, ma de Mann wäert se jo net komplett aus der Loft gegraff hunn. Do, wou ech meng Bedenken hunn, sinn d’Dokumenter vun den NAZI-Collaborateuren: do hat et jo geheescht, datt si zu engem gewëssenen Ablack – esou viru 35 Joer- “verschwanne” gelooss goufen, fir datt d’Vergaangenheet kéint rouen gelooss ginn. Déi Dokumenter si méiglecherweis nach an den Archiven, wäerten awer wuel kaum elektronesch verschafft gi sinn. An natiirlech stellt sech d’Fro: wat ass mam Inhalt geschitt vun deem Blecheschaaf?!

Den Här Steinmetz mécht allemol kee grousse Spektakel ëm dëse fichier central, et ass also net esou ze interpretéieren, wéi wann hien elo an der aktueller Diskussioun sech wéilt als den Dichtegen opféieren. De Mann schreiwt am Buch vill méi iwwer seng Kandheet, déi hien traumatiséiert huet…an dat ass a sengem  Fall gutt nozevollzéien.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *